· 

Volksworld Show 2018

Mir haten eis dëst Joer de Weekend vum 24 a 25 Mäerz op de Wee an England gemaach fir un der Volksworldshow deelzehuelen an iech Fotoen mat op Lëtzebuerg ze bréngen.
Fir déi 26ten Kéier huet Zäitschrëft Volksworld zesummen mat hire Sponsoren zu Esher am Sandown Park dat gréisste VW Treffen an England organiséiert. Op der Päerdsrennstreck waren méi wei 100 VW Gefierer ausgestallt, vun Cal Look Käfer, Camper, Buggien, Dragster an eng speziell Ausstellung vun VW Hebmüller Cabriolet. Divers Händler, Verkafsstänn an eng Bourse waren iwwert den ganzen Site verdeelt. Participanten konnten och vum Camping direkt nieft der Streck profitéieren an Visiteuren haten ee Parking direkt virun der Dier.
Eise Fazit: eng interessant Location a speziell VWen déi een net all Dag gesäit.