· 

Morgan Matinée by Performance Cars


Nodeems de fréiere Motopilot Aloyse Zimmer 15 Joer als Chef vum Atelier bei Ford geschafft huet an hien ee passionéierte Morganfan war, huet hien 1990 Garage Performance Cars gegrënnt. Mam Slogan „Zwou Marken, ee Showroom“ verkeeft hien net nëmmen Ford mee ass och exklusive Fournisseur vun der Mark Morgan hei zu Lëtzebuerg.
Zënter en puer Joer organiséiert den Aloyse Zimmer an seng Equipe eng Porte Ouverte an der Garage zu Dondel. Dëst Joer war „Morgan Matinée“ de Sonnden 15 Abrëll a jidderee krut eppes gebueden: Kanner konnten an engem klenge „Morgan Junior Pedal Car“ ee Slalom fueren an déi Grouss haten Méiglechkeet verschidden Modeller vun Morganen ze testen, ënnert anerem een "Treewheeler". Egal op een elo selwer ee Morgan fiert oder als Visiteur do war, jidderee koum op seng Käschten.
Eise Fazit: eng gelongen Porte Ouverte, vill Visiteuren an eng super Geleeënheet Mark Morgan kennenzeléieren an ze testen.