· 

Young & Oldtimer Day Steinsel


Gemeng Steesel a Kooperatioun mat der "Commission Jeunesse-Sports-Loisirs" huet sech fir hire 4ten Young & Oldtimer Day de Sonnden 24 Juni zu Steesel dëst Joer eppes Besonnesches afalen gelooss an den Concours d’Elegance op 5 verschidde Kategorien opgedeelt: Oldtimer, Youngtimer, Custom Car, Motorrieder an Trakteren. Fir den Concours huet een sech missten am Viraus unmelden a mam Gefier fir 12 Auer beim Centre de Loisirs Norbert Melcher sinn. Präisverdeelung war um 16 Auer. Och dëst Joer gouf et eng Bourse a Musek vun der Band Sneaky Pete. Fir Iessen an Drénken hunn déi lokal Veräiner gesuergt.
Dat gutt Wieder an den Concours d’Elegance hunn dofir gesuergt dass ganz vill Léit mat hirem Gefier oder als Visiteur op Steesel komm sinn fir déi schéi Stécker ze bewonneren a mateneen ze schnëssen.

 

https://oldtimer.steinsel.lu/