· 

Vintage Cars & Bikes Steinfort


Fir déi 6ten Kéier hunn sech Oldtimerfuerer aus Lëtzebuerg, Frankräich an Däitschland deen éischte Weekend am August op de Wee Richtung Stengefort gemaach. Invitatioun koum och dëst Joer erëm vum "Vintage Cars & Bikes Mechanical Freaks Stengefort" an Zesummenaarbecht mam „Centre d’Incendie et de Secours Stengefort“, der Gemeng an dem „Club des Jeunes Hoën/Klengbetten“. Direkt zwee Rekorder goufe schonn am Virfeld vum Treffen gebrach: net manner wei 178 Gefierer haten sech am Viraus ageschriwwen a 86 Verkafsstänn a Cluben haten sech ugemellt. Den Highlight vum Samschden war sécher Arrivée vum LOF Oldtimer Télévietour a Sonndes vun der Amal hirem Mototour. Eng Navette mat engem Oldtimer-Doppeldeckerbus huet Visiteure vum P&R op den Site bruecht. Mir waren de ganze Weekend fir iech zu Stengefort an de Fazit vun dësem Event ass schnell gemaach: PERFEKT. Et huet einfach alles gestëmmt: gutt Wieder, lecker Iessen, vill Visiteuren, flott Gespréicher an natierlech wonnerschéin al Gefierer. Et ass eis awer nach wichteg op dëser Platz eppes zu der Organisatioun vun dësem Event ze soen: eng 100 Benevoller aus dem Club an den Associatiounen hunn de ganze Weekend eng enorm gutt Aarbecht geleescht an Hand an Hand zesumme geschafft fir een onvergiessleche 6ten „Vintage Cars & Bikes Stengefort“ op Been ze stellen. Macht weider esou.

 

www.vintage-steinfort.lu/