· 

2CV am Musée A Possen

Net nëmmen am Conservatoire National de véhicules historiques konnt een um Oldtimerday 2CV bewonnere mee och zu Bech-Klengmaacher am Musée A Possen.
Den 2CV Club Lëtzebuerg hat virum Musée 10 vun hiren Oldtimer ausgestallt déi Visiteure bewonnere konnten, ënnert anerem ee Citroën Méhari deen an enger Schéier fonnt gouf.
Eng Visitt vum Musée A Possen war fir jidderee gratis an och mir hunn dovu profitéiert en Tour duerch Ausstellung ze trëppelen. Et war eng Zäitrees duerch verschidden Haiser wou den Alldag vun enger Wënzerfamill aus dem Joer 1900 duergestallt gouf: dat speziellt un dëse Raim ass dass Bewunner se deemools genau esou verlooss hunn, alles ass original aus der Zäit. Donieft gëtt et och Raim wou antik Spillsaachen ausgestallt sinn an och verschidde Wierkstätte vu fréier virgestallt ginn, ënnert anerem och Geschicht vum Wäin.
Mir hoffen dass mir iech mat eise Fotoen ob eng historesch Zäitrees mathuelen a soen der ganzer Equipe vum Musée an dem 2CV Club villmools Merci fir dee léiwen Empfang, mir komme sécher erëm an empfeele jidderengem vun iech dëse flotte Musée emol ze besichen.

http://www.2cvclub.lu/

 

www.musee-possen.lu/