· 

Wonschstär Vintage Treff

Nom grousse Succès vum lëschte Joer hunn Vintage Frënn Munneref mat der Associatioun Wonschstär och dëst Joer hiert zweet "Wonschstär Vintage Treffen" organiséiert. All Gefierer waren op dem flotte Site am Zentrum vu Munneref bei der Schoul häerzlech wëllkomm. De Mustang Club Lëtzebuerg war direkt mat enger ganzer Flott Autoe vun all Alter vertrueden an och en puer Oldtimer aus eisem Nopeschland haten de Wee op Munneref fonnt.
Fir de gudden Zweck goufe Vintage Plaquettë verkaaft mat enger Nummer drop an all Participanten a Visiteure konnten esou déi 3 schéinste Gefierer wielen. Iwwert den Dag verdeelt waren eng Ronn 150 Oldtimer,Trakteren a Motorrieder um Site. Och Kollege vu Lët'z Fetz ware mat hirem faarwege Scirocco de ganzen Dag präsent fir hire flotte Projet ze presentéieren, et lount sech emol op hir FB Säit kucken ze goen.
Eise Fazit: Eng super gutt Organisatioun mat motivéierte jonke Léit, gutt a produktiv Gespréicher, mir si sécher nächst Joer erëm dobäi.