· 

Lof Oldtimer Breakfast Raiffeisen

Als Leidelenger a.s.b.l. hunn mir eis natierlech richteg gefreet dass och dëst Joer nees een Oldtimer Breakfast an der Industriezone organiséiert gouf. Dës Kéier war Banque Raiffeisen de Sponsor an si hunn dee Breakfast super gutt organiséiert: eng flott Terrasse mat Ligestill, Traiteur, Parkinge ware gezeechent an ee ganzt Team huet dofir gesuergt dass och jiddereen seng Platz fënnt. Duerch déi gutt Preparatioun waren si dunn och net iwwerfuerdert ewéi em déi 300 Oldtimer op dëse Breakfast komm sinn. Mir sinn bal net nokomm mat fotograféieren wei dir op eiser grousser Fotoreportage kënnt gesinn. Op dëser Platz dofir och nach emol ee grousse Merci un Personal vun der Raiffeisen fir dee super gelongene Breakfast.

 

www.lof.lu        www.raiffeisen.lu/