· 

Randonnée de la fin des vacances vum VCC-GD

De Weekend vum 23-25 August huet de Veteran Car Club Grand-Ducal säi 35 järegt Bestoe gefeiert. Eng 30 Oldtimerbesëtzer mat hiren ale Gefierer hunn dëst Joer un der traditioneller "Randonnée de la Fin des Vacances" deel geholl déi ganz ënnert dem Zeeche 35ten Anniversaire stoung. Natierlech sinn nëmmen Oldtimer vu virun 1940 matgefuer. Deen Eelste war vun 1909 an dee jéngste vun 1939. Léit déi matgefuer si koumen aus Lëtzebuerg, der Belsch, Frankräich, Däitschland an awer och aus Holland an aus der Schwäiz. Rendezvous war Samschdes Moies zu Péiteng am Hotel Treeland wou um 08.30 Auer Depart war. Duerno goung et op deen éischten Arrêt zu Käerch am Waasserwierk wou eng Besichtegung um Programm stoung. Mëttespaus war zu Réiden am Restaurant Barnum. Nomëttes goung et iwwer Räichel, Useldeng, Saeul, Bruch, duerch Vallée des 7 Châteaux iwwer Nouspelt, Garnech zréck op Péiteng wou Owes ee grousse Banquet war. Sonndes Moies war nach eng Visitt um Réibierg bei Kohler wou Participanten de risege Waasserbehälter gewise kruten an och jiddereen eng schéi Vue iwwert ganzt Land hat. Zu Karjéng gouf dunn am Restaurant vun der Brauerei den Ofschloss gefeiert. Mir waren de ganze Weekend dobäi an et war eng ganz schéi Randonnée mat ville sympathesche Participanten, enger gudder Organisatioun an natierlech extra schéinen Oldtimer déi een net all Dag gesäit.

http://www.vccgd.eu/