· 

Retro-Mobile

Nieft dem Stroossen Classics gouf et dee lëschte Weekend awer nach ee grousst Treffen am Süde vum Land: de Retro-mobile am Haneboesch zu Déifferdeng. Et ass wierklech ee super flotten Event wou ganz vill Firmen aus dem Haneboesch matmaachen. Op enger Bühn suerge Live Bands de ganzen Dag fir Stëmmung, et gëtt gegrillt an en puer Verkafsstänn waren och präsent. Mëttes ab 16 Auer war och nach Arrivée vum Rotary Tour. Ambiance op dësem Treffen ass einfach top an esou waren och vill Visiteure komm fir déi vill schéi Gefierer ze bewonneren. Eis huet et ganz gutt gefall a mir wäerten och sécher nächst Joer erëm dobäi sinn.