· 

Auto Kierfecht Båstäs

Ween emol a Schweden, méi genau am Värmland an Vakanz geet muss onbedéngt ee Stopp maachen um Autokierfecht zu Båstäs. Nom 2ten Weltkrich haten Gebridder Ivansson eng Garage un der Norwegescher Grenz. Well et deemools vill Suen kascht huet fir een Autoen eriwwer an Norwegen ze importéieren haten se eng grandios Iddi wei se dat ëmgoe konnten: se hunn Autoen an hirer Garage ausernee geholl a Stecker an Norwegen transportéiert fir se dann do erëm als Auto zesummen ze bauen, well Stecker vun Autoen ze importéieren huet näischt kascht. Esou hunn Gebridder bis 1986 hiert Geld verdéngt iert se Garage opginn hunn a gestuerwe sinn oder an Altersheem gaange sinn. Mee och no 1986 hunn Léit nach ëmmer Autoen op Platz am Bësch bruecht esou dass bis haut méi wei 1000 Oldtimerwracken op dësem risegen Autokierfecht stinn. Mir ware faszinéiert wei gutt verschidden Autoen nach erhale waren. Mir wënschen iech vill Spaass mat eise Fotoen.