· 

Nautic Hamm Classics

De Sonnden 18 Juli war op der Base Nautique De Basse Ham an Frankräich eng wieder lass: de Pit Streveler, de Raphaël Chiesa an de Jerry Paulus hunn op hiren éischten Nautic'Ham Classic invitéiert. Am ganzen haten sech am Virfeld 200 Oldtimer ugemellt mee deen Dag selwer ware méi wei 360 Gefierer gezielt ginn. Bei wonnerschéinem Wierder haten och ganz vill Visiteuren de Wee op dëse flotte Site beim Hafen fonnt.

Mir ware mat eise Fotoapparater op der Platz an hunn iech flott Impressioune vun dësem super Treffe matbruecht. Mir freeën eis schonn op déi zweet Editioun.