· 

Start your engine

Endlech emol erëm ee super Oldtimertreffen zu Lëtzebuerg: de Samschden 21 August huet Equipe vu Retro Cars Péiteng op hire Start your engine 2021 invitéiert. Op der Wiss konnt jiddereen säin Oldtimer ausstellen an wann een eppes Iessen wollt an Concert wollt kucken huet ee misste Covid Check maachen. Nieft deene ville schéine Gefierer waren och vill Visiteure komm fir Oldtimer ze bestaunen.

Mir haten ee ganz flotte Mëtteg a ware frou vill Léit erëm gesinn ze hunn. Merci fir déi super Organisatioun a mir freeën eis schonn op nächst Joer.

 

Retro- Cars Peiteng