· 

Lof Oldtimer Brunch byTun Esch Alzette

Bei eisem Sponsor By Tun Coiffeur an der Uelzechtstrooss war de Sonnde 15/05 deen éischte Breakfast / Brunch vun der Saison. Den Tun a seng Equipe hate fir Kaffi a Mëtsche gesuergt an se hunn déi vill Oldtimerfuerer häerzlech wëllkomm. Et war ze erwaarden dass méi wei 250 Young- an Oldtimer géife kommen an déi hunn natierlech och vill Visiteuren ugezunn. Duerch ganz Uelzechtstrooss stounge lenks a riets schéin a seele Gefierer déi ee bestaune konnt. Fir Mëttegiessen huet dunn Kiwanis gesuergt déi direkt vis à vis vum Tun sengem Coiffeurssalon gegrillt hunn fir de gudden Zweck. Mir waren natierlech fir iech op der Platz an hunn iech vill Fotoen matbruecht, vill Spaass beim Kucken.

 

www.bytun.com

www.lof.lu