· 

Conservatoire National de Véhicules Historiques

Nach bis den 30.04 kënnt dir am Conservatoire de Véhicules Historiques Ausstellung "Départ en vacances" kucke goen. Vum DKW Schnellaster, Renault Dauphine, Fiat 500, Saab 96 bis zum Camper T1 kann ee vill schéin an aussergewéinlech Gefierer zu Dikrech bewonneren. Mat ganz ville klengen Dekoen vu fréier hellt de Musée de Visiteur mat duerch vill verschidde Joerzéngten an déi ënnerschiddlech Departen an Vakanz.

Eis huet Ausstellung ganz gutt gefall an dir kënnt iech gären unhand vun eise Fotoen ee klenge Virgeschmaach huelen, mee mir empfeelen iech awer selwer emol bis an de Conservatoire luussen ze goen.

 

www.cnvh.lu