· 

LOF Oldtimer Breakfast ANG Automotive

Bei eisem Sponsor ANG Ateliers Nic Goeorges war de 17.04 deen éischte LOF Oldtimer Breakfast vun der Saison. Méi wei 200 Oldtimer waren an der Industriezon zu Conter zesumme komm fir bei enger Mëtsch an engem gudde Kaffi flott Bensingespréicher ze feieren. Flott war och dass ee konnt en Abléck kréien an dem ANG hir Aarbecht andeems een en Tour duerch hier Garage maache konnt. Mir hunn vun der Geleeënheet profitéiert a waren fir Iech kucke wat eise Sponsor esou alles unzebidden huet an natierlech hunn mir och déi vill schéi Gefierer fotographéiert déi op de Breakfast komm sinn. Alles an allem war et ee flotten éischte LOF Oldtimer Breakfast.