· 

Opel-Hecktriebler-Treffen Lëtzebuerg

Et war déi 5ten Kéier dass de Club Opel Hecktriebler Lëtzebuerg de Weekend vum 29-30 Juli hiert Treffen zu Suessem beim Schlass organiséiert huet. Mir ware fir iech Samschdes dohinner a Platz vun dësem Treffen ass wierklech schéin. Och dëst Joer waren der vill aus den Nopeschlänner ugereest fir ee flotte Weekend mateneen ze verbréngen: jiddereen deen sech ugemellt hat krut ee flotte Kuerf mat ville Gadgeten dran, Samschdes Owes gouf et en flotte Concert a Sonndes Moies sinn wei ëmmer déi schéinsten Autoen ausgezeechent ginn. Fir Iessen an Drénke war beschtens gesuergt an esou ass och dëst Treffe vun den Hecktriebler ee vollen Erfolleg ginn. Mir gesinn eis rëm an 2 Joer.

 

Opel Hecktriebler Lëtzebuerg