· 

Vintage Cars & Bikes Steinfort

Wann et eppes gëtt wat mir net kenne beaflossen dann ass dat Wierder: leider war de Weekend vum 05 a 06 August net esou schéi Wierder a genau op déi zwee Deeg ass de Vintage Cars & Bikes Stengefort gefall. Samschdes war et nach eenegermoossen dresche bis an de spéiden Nomëtteg eran, esou dass déi meescht Gefierer déi mam LOF Oldtimer fir den Télévie matgefuer sinn nach dresche bei der Arrivée ukomm sinn. Et waren awer vill Gefierer a Stänn present  och wann net esou vill Visiteure komm sinn wei déi lëschte Kéieren.

Mir haten och dëst Joer erëm ee Stand um Vintage a mir waren frou iwwert jiddereen deen eis besiche komm ass. Och erëm ee grousst Kompliment un Organisateuren Mechanical Freaks déi erëm alles super organiséiert haten an nächst Joer bestelle mir all gutt Wierder a vill Sonn.

Hei sinn eis Fotoen déi mir gemaach hunn a mir entschëllegen eis elo schonn bei deene wou mir net op Foto krute well et leider ugefaangen huet mat Reenen an eis Apparater dat net esou gären hunn. Trotzdeem vill Spaass mat eiser Fotostreck.

 

Vintage-steinfort.lu