· 

Vintage Cars & Bikes Steinfort

Den 2. a 3. August 2025 huet sech Sténgefort mam Vintage Cars & Bikes erëm an e Paradies fir Oldtimer‑ a Youngtimer Fans verwandelt. Méi wéi 750 historesch Gefierer – vum Auto iwwer Trakter bis zum Moto – hunn um grouss Ausstellungsterrain tëscht Schoul a Kulturzentrum geblénkt. Héichpunkter wéi de Concours d’élégance, eng grouss Stécker‑ a Modellbörse souwéi Clubpresentatioune hunn vill Visiteuren ugezunn. Fir d’Iessen, Gedrénks a gemittlech Stëmmung war beschtens gesuergt. Eng speziell Attraktioun war den LOF Oldtimer‑Télévie Tour fir de gudden Zweck mat iwwert 180 Participanten dëst Joer. Och mir haten ee Stand um Vintage an soen dem Organisator Mecanical Freaks en groussen Merci fir déi super Organisatioun. Mir freeën eis schon op nächst Joer.

 

vintage-steinfort.lu