· 

Afterwork Lio's Burger

Den Freiden, den 12. September, hu mir zesummen mat villen Oldtimer- a Youngtimer-Frënn en onvergiesslechen Owend bei eisem Sponsor Lio’s Burger verbruecht. D’Wieder huet matgespillt, d’Plaz war voll mat flotte Gefierer an d’Stëmmung war einfach genial.

D’Highlighten vum Owend waren ouni Zweiwel déi frësch gegrillten, lecker Burger  an déi Live Musek, déi fir déi perfekt Afterwork-Atmosphär gesuergt huet.

Et gouf vill interessant Gespréicher, nei Bekanntschaften an natierlech och eng Rëtsch flott Fotoen, déi mir iech matbruecht hunn.

E grousse Merci un Lio’s Burger mir freeën eis schonn op deen nächsten Afterwork.

Lio's Burger