· 

Retro-Mobile

De Rétro-Mobile Young- & Oldtimertreffen vum Sonnden, den 14. September 2025, am ZAC Haneboesch II zu Differdange/Nidderkuer war e groussen Erfolleg. Vill Visiteuren hunn de Wee fonnt, fir déi verschidden Oldtimer, Youngtimer a Motos ze bewonneren an déi flott Atmosphär ze genéissen.

De Catering war ofwiesslungsräich a fir all Goût war eppes dobäi. Fir musikalesch Stëmmung huet eng Live-Band gesuergt, déi mat hire Lidder richteg amerikanescht Festivalfeeling opkomme gelooss huet.

Och mam Wieder haten d’Organisateuren Gléck: et ass dréche bliwwen an d’Sonn huet sech ëmmer nees gewisen.

Am Ganze war et en immens flotten a gelongenen Dag an mir hunn iech en puer flott Impressiounen matbruecht.