"Rusty Boys" den film.

by Andy Bausch & Paul Thilges Distributions

Een aussergewéinlechen Dag hate mir lescht Joer Enn Mee wou mir dem Andy Bausch konnte bei den Dréiaarbechte vum Film "Rusty Boys : al, rabbeleg… a rebelesch“ iwwert Schëller kucken.

De Film handelt vu 4 eeleren Hären déi sech als Projet gesat hunn aus dem Altersheem eraus ze komme fir eng autonom gefouert Wunngemeinschaft ze grënnen. Dobäi stoussen se natierlech op vill Hindernisser wat vum Regisseur ganz witzeg duergestallt gëtt. Eng Komedie also mat ville bekannte lëtzebuerger Schauspiller: den Änder Jung alias Nuckes, de Fernand Fox als Jängi, de Pol Greisch alias Lull an de Marco Lorenzini als Fons. Nieft den Haaptacteuren hunn awer och nach eng Réi aner Schauspiller dozou bäigedroen dass dëse Film ganz bestëmmt ee groussen Erfolleg gëtt. En puer al Autoen duerfen am Film natierlech och net feelen, ënnert anerem eise Keefer dee mir fir den Dréi zur Verfügung gestallt haten.

Ab haut, 25 Januar leeft den "Rusty Boys" dann och bei eis an de Kinoen a mir hate gëschter Owend Chance als Old-Rides.lu mat op der Avant-Première ze sinn. Zesumme mat der ganzer Crew, dem Prënz Guillaume an der Prinzessin Stéphanie hate mir ee schéinen a lëschtegen Owend. Eise Fazit: ee super Film mat engem grandiosen Dréibuch an der Erkenntnis dass een och am Alter nach ka lëschteg a fit sinn an een op alle Fall ee Recht op een autonoomt Liewen huet.

Mir soen op dësem Wee dem Andy Bausch, dem Laurent Ernzer, all de Schauspiller an der ganzer Crew ee grousse Merci a fir iech hei eis Fotoe vun dësem flotten Dréidag.