Classic Remise Düsseldorf


De 16 September 2006 huet Classic Remise zu Düsseldorf an enger aler Lokomotivgarage hier Dieren opgemaach. Konzept ass eng Mëschung aus liewegem Musée, Parkhaus an Atelieren. 80 Eenzelboxen aus Glas kënnen Oldtimerbesetzer loune fir hier Autoen ënnerzestellen esou dass Visiteuren ëmmer aner Gefierer bewonnere kënnen. An dem grousse Showroom stellen Händler Oldtimer aus déi zum Verkaf stinn a Reparaturen a Restauratioune ginn an de Garagen an Atelieren duerchgefouert. Ee Restaurant mat enger flotter Vue op de Showroom an eng Eventhall déi ee loune kann gehéieren och zum Konzept vun der Classic Remise. Mir waren dës Woch dohinner a kënnen iech Folgendes soen: Gebai wat ënnert Denkmalschutz steet ass déi perfekte Location fir Oldtimer auszestellen. Eng Visite lount sech op alle Fall wei dir hei op eise Fotoe kennt gesinn.