Conservatoire National de Véhicules Historiques


Den 03 Abrëll 2004 huet de Conservatoire National de Véhicules Historiques seng Dieren zu Dikrech fir de Publique opgemaach.
Bis dohin war et awer een wäiten Wee: 1997 gouf een Veräin gegrënnt deen sech Aufgab gesat hat een nationalen Conservatoire fir historesch Gefierer zu Lëtzebuerg ze plangen an ze gestalten. Ziel war et zu Lëtzebuerg eng Struktur ze erstellen fir alen Gefierer auszestellen. Zesummen mat der Gemeng Dikrech, der Famill Meris-Wagner an den Ministeren gouf dunn déi fréier Kutschefabrick vum Jean Wagner kaaft an zu engem flotten Conservatoire ëmgebaut. Et ass déi ideal Platz well des Fabrick een historeschen Zesummenhang mat der Entwécklung vum Automobil zu Lëtzebuerg huet.
Konzept vum Conservatoire ass ganz einfach: al Gefierer vun den Ufängen bis an 60er Joren ginn exposéiert an dozou gëtt Geschicht vum Automobil gezielt. Fir dass och ëmmer aner Oldtimeren, Motoen an Objeten am Rotatiounsprinzip wiesselen duerf jiddereen ufroen fir seng Autoen oder Exponate ausstellen ze kenen. Dëst gëtt mat engem Vertrag vun 3 oder 6 Méint festgehalen.
Natierlech schafft den Conservatoire och mat aneren Muséeën aus der Belsch, Däitschland an Frankräich zesummen fir och ëmmer um neisten Stand ze sinn.
Mir hunn am Dezember dësen flotten Conservatoire déi éischten Kéier besicht an mir wäerten sécher regelméisseg zréckgoen. Fir 5 Euro Entrée kritt en vill flott Autoen ze gesinn: Hal ass opgebaut an 5 chronologesch Opdeelungen vun 1918 bis an 60er Joren. Zu all Epoche ginn et 3-4 Oldtimeren, 1-2 Motoen, Fotoen an Miniaturautoen. Geschicht vum Automobil kann een op Plakater liesen. Een Sall ass ëmmer reservéiert fir speziell Ausstellungen déi och regelméisseg wiesselen.
Een Highlight am Conservatoire ass awer sécher dem Grand-Duc säin fréieren Auto: een Buick vun 1938 mat laangem Chassis, 8 Zylinder Moto an enger limitéierter Editioun. Dësen Auto ass zënter 40 Joer net méi gefuer ginn an den Conservatoire huet dem Grand-Duc versprach dem Oldtimer erëm zum Liewen ze erwächen.
Mir fannen et gutt dass mir hei zu Lëtzebuerg esou een flotten Conservatoire hunn an een Besuch lount sech op alle Fall wei dir hei op eisen Fotoen kent gesinn.

 

Conservatoire National de Véhicules Historiques20-22 Rue de Stavelot

L-9280 Diekirch

Tél: 26 80 04 68

http://www.cnvh.lu/