Opbau Autojumble


An dësem klenge Special gi mir iech schonn ee klenge Virgeschmaach op den Autojumble dëse Weekend an der Luxexpo um Kierchbierg. Mir hunn e bëssen hannert Kulisse gekuckt a mir hunn och schonn en puer Fotoe vun de Pegaso Autoe gemaach déi dëst Joer den Highlight vum Autojumble sinn. LOF huet sech vill Méi ginn dës impressionnant Oldtimere fir de Weekend ze kréie well op der ganzer Welt just 50 esou Autoe gebaut goufen. Schonn eleng dowéinst lount et sech den Autojumble de Samschden oder Sonnde vun 10.00-18.00 Auer ze besichen. Awer och vill aner Veräiner, Garagen an Händler stellen hier al Gefierer aus a presentéieren sech mat flotten an informative Stänn. Fir jiddereen deen nach keen Oldtimer huet gëtt et och een Occasiounsmaart. Fir Iessen, Drénken a bësse shoppen ass och gesuergt a Kanner kënnen duerch ganz Hall flitze fir Äntwerten op Quizfroen ze fannen.

Och mir vun Old-Rides sinn dëst Joer déi éischte Kéier mat dobäi an dir sidd all häerzlech wëllkomm bei eis op de Stand ee Kaffi drénken ze kommen. Mir freeën eis op äre Besuch.

An hei eng kleng Fotosgalerie vum Opbau de Mëtteg.