Zylinderhaus - Museum für Oldtimer und Technik


Ee Muss fir all Oldtimerfans aus der Groussregioun huet am August dëst Joer, no 3 Joer Bauaarbechten hier Dieren opgemaach: Zylinderhaus zu Bernkastel-Kues.
Op enger Ausstellungsfläch vu 5000 m2, 3 Etagen an iwwert 100 Oldtimer gëtt et vill ze bestaunen.
Zylinderhaus ass schon beim Ukommen vu baussen eng Attraktioun: matzen an enger moderner Industriezone ass de Musée opgebaut wéi eng al fréier Garage an Visiteure fillen sech schon esou vun Ufank aus un an Vergaangenheet zréckversat.
Am Musée selwer geet Rees dann weider mat villen däitschen Oldtimer, Butteker wei fréier a ganz villen alen Souveniren wéi Kannerspillsaachen, Fernseher, Radioen, Kichegeräter a souguer eng al Tankstell vun Aral. Deen zweete Stack ass reservéiert fir Vëloen al al Motorrieder. Déi meeschten Oldtimer stinn op dem drëtte Stack, vu BMW, DKW, Volkswoen bis Audi geet Rees duerch 90 Joer däitsch Automobilgeschicht weider mat raren an extravaganten Exponaten. Am lëschte Raum kann een dann och bestaune wei een Autokierfecht ausgesäit.
Mat ganz vill Opwand a vill Häerz huet de Ben Benninghoven an säin Team ee schéine Musée op Been gestalt an dem och Oldtimer vun Zäit zu Zäit ausgetosch ginn esou dass sech eng Visite ëmmer erëm lount.
Als Ofschloss vum Rondgang kann een dann och Souveniren ronderëm Thema Oldtimer kafen an am Restaurant niewendrun eppes Guddes iessen.
Mat eise Fotoen huele mir iech mat an Zylinderhaus op eng flott an interessant Rees an Vergaangenheet.

 

http://www.zylinderhaus.com/