· 

Young&Oldtimer Meeting Harel

Young&Oldtimer Meeting Harel


En Sonndeg den 29 Mee huet de Club „Chaoten am Dingscht“ aus dem Norde vu Lëtzebuerg hiren éischte Meeting vu Young&Oldtimer zu Harel organiséiert.

Natierlech wollte mir als Old-Rides dest Treffen op kee Fall verpassen. Eng 50 Autoen a vill Léit haten sech deen Dag an den Norden deplacéiert trotz dem onbestännege Wieder.

Ee Grillstand, eng Buvette awer och de Verkaf vu Miniaturautoen hunn net dierfte feelen. Street Parts wor och mat engem Stand vertruede.