· 

CVM Steesel

CVM Steesel

Et war fir déi 8ten Kéier dass Associatioun “Collectionneurs de Véhicules Militaires” vu Steesel (CVM) hiren internationale Meeting am Centre de Loisir “Norbert Melcher” organiséiert hunn. De CVM gëtt et zënter 2008 an huet sech zum Ziel gemaach Militärgefierer ze sammelen, erhalen an ze restauréieren. Vum 12 bis de 14 August hate vill historesch Militärgefierer de Wee op Steesel fonnt fir sech deene ville Visiteuren ze presentéieren.

Fir Iessen an Drénke war déi 3 Deeg gesuergt an och déi eng oder aner Virféierung hunn bei guddem Wieder fir een erfollegräicht Treffe gesuergt.

Hei en puer Andréck vun eis iwwert déi schéi Gefierer.