· 

LOF Oldtimer Breakfast Six Leideleng

LOF Oldtimer Breakfast Six Leideleng


Ee gelongenen a flotte Start an Oldtimersaison hate mir de Sonnden 21 Mee zu Leideleng an der Industriezon: fir déi éischte Kéier an dësem Joer huet Lëtzebuerger Oldtimer Federatioun op hire Breakfast agelueden. Bei herrlechem Wieder haten sech vun 09.00 bis 12.00 Auer iwwert 180 Gefierer bei der LOF hirem Sponsor Six zu Leideleng getraff.
Fir 2 Euro konnten Léit eppes fir ze drénke kafen an eng Mëtsch iessen esou dass um Enn vum Moien bal 1000 Euro fir den Televie zesumme komm sinn. LOF huet sech bereet erkläert pro Gefier nach emol een Euro an Caisse ze leen esou dass 1200 Euro fir ee gudden Zweck gesammelt konnt ginn.
Et war schéi vill bekannten awer och néi Léit an Autoen ze gesinn a mir freeën eis op deen nächste Breakfast de Sonnden 18 Juni um ancien Site ARBED zu Déifferdeng. An hei eis Fotoe vu Leideleng.