· 

Trakter & Moto Tour

De Samschden 30 Mee hunn Amal an d'Oldtimer Gecken Ruedt ausgemaach zesummen een Tour duerch den Westen vum Land ze fueren. Virkrich Motoen vun der Amal sinn als éischt lass gefuer fir eng an eng hallef Stonn méi spéit zu Randschelt Mëttegpaus ze maachen. Déi al Trakteren koumen no engem méi klengen Tour och fir Mëttegpaus zu Randschelt um Parking un. Do gouf dunn gemittlech zesummen gepicknickt, een Fotoshooting gemaach an vill geschnësst an gelaacht. Nom Iessen sinn dunn Motoen erëm als éischt lass gefuer an kuerz drop och Trakteren fir sech als Ofschloss erëm zu Ruedt um Bauerenhaff ze treffen fir nach gemittlech een Patt ze drénken.
Mir waren frou fir Invitatioun, mir sinn gären nächst Joer erëm dobäi. An hei eis Fotostreck vun dësem super Nomëtteg.

 

www.amal.lu