· 

LOF Oldtimer Brunch by Tun

Et war e liewege Sonnden zu Esch well de 27. Abrëll 2025 war ganz Stad am Oldtimer-Féiwer: Beim LOF Oldtimer Brunch, organiséiert vun der LOF an eisem Sponsor Maison de Coiffure et de Beauté ByTun, huet sech d’Uelzechtstrooss an eng richteg Ausstellung vu klasseschen Autoen a Youngtimer verwandelt. Méi wéi 300 Gefierer hunn d’Strooss gefëllt a vill Nostalgiker an Autosfrënn ugezunn. Nieft deene villfältege Gefierer gouf och fir d'Wuel vun de Gäscht gesuergt: Mëtschen a frësche Kaffi goufen direkt beim Tun virum Salon ugebueden – perfekt fir en entspaanten Autosmoien. Mir wënschen iech vill Freed beim Duerchkucke vun eise Fotoen an natierlech ee grousse Merci un eisen treie Sponsor fir dësen onvergiessleche Sonnden! Mir freeën eis op déi nächst Treffen.

 

bytun.com

lof.lu