· 

LOF Oldtimer Breakfast by BK Concept

De Sonndeg, den 20. Juli 2025, huet BK Concept Sàrl zu Foetz bei herrlechem Summerwieder op hiren éischte LOF Oldtimer Breakfast invitéiert . Vill Frënn vu klassesche Gefierer si der Invitatioun vun dëser jonker a dynamescher Firma nokomm. Tëschent blénkenden Chromdeeler an dem Geroch vu frëschem Kaffi an Croissanten war d’Stëmmung gemittlech an entspaant. Fir BK Concept war et déi éischt Veranstaltung vun dëser Aart – a si war e grousse Succès. Déi sympathesch Ekipp huet net nëmmen hiren Atelier presentéiert, mee och gewisen, wéi gutt se an der lokaler Oldtimer-Zeen verankert sinn. Mat vill Häerzblutt, gudder Laun an begeeschterte Gäscht ass e gelongene Breakfast-Treffen entstanen – an et war hoffentlech net deen eenzegen.

 

Lof.lu

BK Concept