Classic Day Schëtter 2026 – Oldtimer, Emotiounen an eng Kuliss wéi aus engem Film
De leschte Weekend huet sech Mënsbech nees an ee richtege Treffpunkt fir Oldtimer- a Youngtimerfrënn verwandelt. De Classic Day Schëtter 2026 huet dëst Joer an enger besonnesch eleganter Kuliss stattfonnt: beim Château de Munsbach. An dëse Site hätt kaum besser kënne passen.
Direkt zwee Deeg hannertenee war de Weekend vum 25 a 26 Mee Classic Days Schëtter. Konzept vum lëschte Joer gouf bäibehale mat enger Ausstellung vun aktuellen an ale Rennautoen an engem schéine Parking fir Young- an Oldtimer. Och eise Sponsor Atelier Nic Georges hat ee grousse Stand um Treffen. De Catering gouf mat verschiddene
n Stänn a weidere Foodtrucken ausgebaut an den ACL hat eng Cartingspiste
Et war déi éischte Kéier dass den 30 Abrëll zu Schëtter den Classic Car day stattfonnt huet. Mat enger Mëschung vun Rennsport an Oldtimer war fir jiddereen eppes dobäi. Mat Ronn 300 Gefierer war et eng gelongen Editioun wei dir op eisen Fotoen kënnt gesinn.