De Sonnden 10 Juni war et endlech souwäit: Stroossen Klassik a.s.b.l. huet zesummen mat hiren Sponsoren deen éischten Stroossen-Klassik Summer Tour organiséiert.
Am ganze 47 Oldtimer waren ugemellt an kruten een flotten Tour duerch eist Ländchen an iwwert Grenz duerch Däitschland gebueden.
Depart war nom Frühstück an Briefing zu Stroossen beim Fussballterrain. Richtung Saeul, iwwert den Stau, Wolz, laanscht Veianen wou dunn hannert der däitscher Grenz am „Schloss Kewenig“ Mëttegpaus gemaach gouf
De Sonnden 17 September war deen éischten nationalen Oldtimerday zu Lëtzebuerg. An Liewe geruff gouf dësen Dag vun der Lëtzebuerger Oldtimer Federatioun LOF.
Duerch ganz Land ware vill Veranstaltungen ronderëm al Autoen, Motoen an Trakteren. Sechs verschidde Rallyen an Touren goufen gefuer ..
Et war déi éischte Kéier dass dësen Event am Zentrum vun Stroossen stattfonnt huet. Mat mei wei 450 Gefierer war dëst Treffen ee vollen Erfolleg an och den Rotary Indian Summer an den ACL Hierscht Tour hun een Stop um Stroossen Classics gemaach.
Diese Webseite verwendet Cookies. Cookies werden zur Benutzerführung und Webanalyse verwendet und helfen dabei, diese Webseite zu verbessern. Durch die weitere Nutzung dieser Webseite erklären Sie sich mit unserer Cookie-Richtlinie einverstanden. Mehr Infos hier: Cookie PolicyOk