Nodeems de fréiere Motopilot Aloyse Zimmer 15 Joer als Chef vum Atelier bei Ford geschafft huet an hien ee passionéierte Morganfan war, huet hien 1990 Garage Performance Cars gegrënnt.
De Let'z Bug Club presentéiert vum 10 bis den 21 Abrëll eng VW Oldtimerausstellung an der Belle Etoile. Clubmemberen haten sech de Sonnden de Moien fréi op de Wee gemaach fir am ganzen 14 Autoen an de Shoppingzenter ze féieren.
Vum Ovali Käfer, Karmann Ghia, T1 Samba Bus bis zum T2 Westfalia ginn Visiteure matgeholl op eng Rees duerch Zäitgeschicht vun VW.
Mir haten eis dëst Joer de Weekend vum 24 a 25 Mäerz op de Wee an England gemaach fir un der Volksworldshow deelzehuelen an iech Fotoen mat op Lëtzebuerg ze bréngen.
Fir déi 26ten Kéier huet Zäitschrëft Volksworld .....
Zum Optakt vun der Oldtimersaison war de Weekend vum 10 an 11 Mäerz den Autojumble an der Luxexpo the box. Vill Veräiner, Garagen, Händler a Cluben hunn Geleeënheet genotzt sech ze presentéieren an hier al Gefierer auszestellen. LOF als Organisateur hat dëst Joer eng speziell Ausstellung op hirem Stand mat 11 Dino Oldtimer an och mir haten ee Stand fir den Visiteuren eis a.s.b.l. virzestellen. Mir soen op dësem Wee all eise Supporteren an eise Sponsoren, VIP Station, LL Classic Cars,...
Fir déi 29ten Kéier huet an der Ciney Expo vum 03.06-05.06.2017 déi gréisste Bourse vun Oldtimer an ale Motoen hier Dieren opgemaach.
Lescht Joer ware méi wei 20.000 Visiteuren op Retromoteur Ciney
De Vespa Club Roude Léiw feiert dëst Joer hiert 5 järegt Bestoen a fir dëst ze feiere gëtt et vum 23 Mäerz bis den 08 Abrëll eng Expo an der Belle Etoile.
Iwwer 120 Vespaen a Gefierer vun de 50er Jore bis haut
Leschte Weekend hate méi wei 6000 Visiteuren de Wee an Luxexpo fonnt fir den alljährlechen Autojumble ze besichen. Am ganze 96 Stänn vu Cluben, Händler, Associatiounen a Shoppen hate Geleeënheet genotzt sech dem Publik ze presentéieren.
Säit 15 Joer gëtt et den „Peugeot Classic Club Lëtzebuerg“ an genau aus dem Grond organiséieren si vum 07-17.09 eng flott Oldtimerausstellung an der Belle Etoile.
Duerch ganz Galerie verdeelt stinn 21 al Peugeot
Diese Webseite verwendet Cookies. Cookies werden zur Benutzerführung und Webanalyse verwendet und helfen dabei, diese Webseite zu verbessern. Durch die weitere Nutzung dieser Webseite erklären Sie sich mit unserer Cookie-Richtlinie einverstanden. Mehr Infos hier: Cookie PolicyOk