Ee Must fir all Oldtimerfans aus dem ganzen Land, deen éischte Breakfast vun der Saison stoung de Sonnden 21.04 um Programm. Den Optakt vun der Breakfast Saison war dëst Joer bei eisem Sponsor Atelier Nic. Georges a se haten sech wei ëmmer ganz vill Méi gemaach: fir jidderee gouf et Mëtschen, Kaffi, Téi a Schockelas Mëllech. Wann e Loscht hat konnt en eran a Garage goen a kucke wat den Atelier Nic. Georges u Servicer ubitt.
ndlech war et nees souwäit: no engem Joer Paus war de Weekend vum 16 a 17 Mäerz den Autojumble an der Luxexpo. Vill Clibb haten dësen Event genotzt fir sech deenen villen Visiteuren ze presentéieren.
Zu Biissen am Atelier carrosserie De Cock war de Sonnden 15 Oktober dee lëschten LOF Oldtimer Breakfast vun der Saison. De Familljebetrib besteet schonn zënter 26 Joer an ass drop spezialiséiert Oldtimer ze restauréieren an all Zorten Autoen ze reparéieren.
An der Industriezone zu Käerjeng war de Sonnden 17 September deen éischte Breakfast beim Marc Pesch s.a.r.l. an hirem Atelier. Garage wou Planen fir Camione gemaach ginn war kuerzerhand ëmfunktionéiert ginn als klenge Restaurant mat engem leckere Frühstücksbuffet, Dëscher a Sëtzgeleeënheeten.
Deen drëtte Breakfast vun der Saison war de Sonnen de Molen 18 Juni bei der LOF hirem neie Sponsor am Restaurant Barnum zu Reiden un der Attert. Op hier flotter Terrasse konnten Leit en Kaffie an ee Croissant kréien a flott Gespréicher feieren.
De 29 Abrëll war ganz Maacher an der Hand vun den Oldtimerfans. LOF huet hiren 2ten Maacher Oldtimerday organiséiert deen och dëst Joer ee groussen Erfolleg war. Wierder huet och gutt matgespillt an Aces deluxe huet fir de Catering gesuergt.
Bei eisem Sponsor ANG Ateliers Nic Goeorges war de 17.04 deen éischte LOF Oldtimer Breakfast vun der Saison. Méi wei 200 Oldtimer waren an der Industriezon zu Conter zesumme komm fir bei enger Mëtsch an engem gudde Kaffi flott Bensingespréicher ze feieren.
Beim Centre Culturel Kinneksbond zu Mamer war de Sonnden 21.08 ee LOF Oldtimer Breakfast. Wei gewinnt gouf et vun 09 Auer un Mëtschen a Kaffi vum Sponsor "Pavillon am Brill".
Bei eisem Sponsor By Tun Coiffeur an der Uelzechtstrooss war de Sonnde 15/05 deen éischte Breakfast / Brunch vun der Saison. Den Tun a seng Equipe hate fir Kaffi a Mëtsche gesuergt an se hunn déi vill Oldtimerfuerer häerzlech wëllkomm.
Ënnert dem Motto "D'Stad lieft" war den Donneschden 30 Juni am Autokino um Glacis ee besonneschen Owend fir all Oldtimerbesëtzter geplangt. Zesumme mat der LOF an der Cinémathèque ass de Klassiker "Le Gendarme de Saint-Tropez" op der grousser Leinwand gespillt ginn.